Grouss Fläche vum Svalbard Archipel si geschützt. . Schonn am Joer 1932 goufen déi éischt zwee Flora Schutzgebidder etabléiert. 2005 goufe sechs Nationalparken, 21 Naturreservater (abegraff déi 15 speziell Vullereservater) an ee geschützte Geotop.
Zousätzlech goufen e puer vun de geschützte Beräicher vum 1. Januar 2004 aus verlängert wéinst der Verlängerung vun den norwegeschen Territorialwaasser vu 4 op 12 Nautescht Meilen.
Aktuell geschützte Gebidder belafen sech am Ganzen op 39.000 km2 um Land a 76.000 km2 um Mier. National Parken sinn op fir Fräizäitaktivitéiten dobaussen déi d'Benotzung vu Motorween net erfuerderen. A spezielle Fäll, zum Beispill aus wëssenschaftleche Grënn, kann de Büro vum Gouverneur d'Benotze vu Schnéimobiler, Fligeren oder Helikopter erlaben.
Geméiss dem Svalbard Emweltschutzgesetz gëtt all Spuer vu mënschlecher Aktivitéit datéiert vu 1945 oder fréier als Deel vum kulturelle Patrimoine geschützt.